No etlechen Hits an 9 Méint Verspéidung huet d'Ava Max elo endlech säin Debut-Album "Heaven & Hell" erausbruecht.

Dem Axa Max säin neien Album “Heaven & Hell” ass u sech en Duebel-Album – déi éischt 7 Lidder sollen den Himmel duerstellen an déi lescht 7 representéieren d’Häll. Den Track 8 “Torn” fungéiert als Iwwergang tëschent deenen zwou Welten, d’Sängerin huet e selwer als “Feegfeier” bezeechent.

Inhaltlech behandelt d’Ava Max Themen ewéi weiblecht Selbstbewosstsinn, Verrécktheet an Anescht-sinn. Texter, déi leider awer gréisstendeels iwwerflächlech bleiwen.

Och musikalesch sinn ech éierlech gesot net esou wierklech begeeschtert. Wuel muss een dem Ava Max loossen, datt hatt sech zesumme mat sengem Produzent a Mann Cirkut voll a ganz op seng Stäerkte konzentréiert an een Ourewuerm nom anere liwwert. Dat Ganzt kann een awer och negativ gesinn, mir feelt doduerch nämlech d’Kreativitéit an d’Ofwiesslung.

Als seng grouss Aflëss huet d’Ava Max ënnert anerem d’Mariah Carey, d’Christina Aguilera, d’Britney Spears an d’Lady Gaga genannt. Jo, an och d’Ava Max ass um beschte Wee sech an d’Lëscht vun de grousse Pop-Diven anzeschreiwen – erënnert säi Sound dach ganz staark un dem Katy Perry an dem Lady Gaga hir Ufäng. Mir perséinlech ass “Heaven & Hell” awer ze glat, ze perfekt a virun allem ze monoton.