Viru kuerzem huet den Alexander Kotz aka. Elderbrook, dee mat senger Kollaboratioun "Cola" scho fir e Grammy nominéiert war, säin Debut-Album erausbruecht!

Firwat ziddere mir wann et eis kal ass? Fir den Elderbrook ass d’Äntwert op déi Fro relativ einfach: Mir wëllen anere Mënsche weisen, datt mir hir Gesellschaft a Gebuergenheet brauchen.

An dat resüméiert deen neien Album inhaltlech eigentlech scho ganz gutt. An deenen 11 Lidder geet et nämlech dorëms wéi mir mateneen ëmginn: Ëm d’Aart a Weis wéi mir kommunizéieren, ëm Emotiounen an ëm d’Sich no senger eegener Identitéit – kuerz gesot: Den Elderbrook behandelt d’Wichtegkeet vun tëschemënschleche Bezéiungen.

Fir de brittesche Kënschtler hu seng Texter eng immens grouss Bedeitung. Ewéi hie selwer seet, géif elektronesch Musek nëmme ganz seele mat déifgrënnegen Texter a Verbindung bruecht ginn, mee genee dat wier säi Wee. Musikalesch gesinn beweegt den Elderbrook sech tëscht Pop an elektronesche Club-Sounds – eng eenzegaarteg Mëschung, bei där een och nach seng immens kloer a waarm Stëmm ervirhiewe muss.

Mäi Fazit vu “Why Do We Shake In The Cold?” fält ganz positiv aus. Et ass e gelongen Album op deem den Elderbrook seng Linn duerchzitt. Just bei enger Saach sinn ech mir nach net ganz sécher: Ass et en nodenklechen Album, deen ee – passend zur Joreszäit – virum gudde waarme Kamäin lauschtere soll oder ass et en Album fir d’Keelt ewech ze danzen?