6 Joer no sengem Duerchbroch mam Track "One Day (Vandaag)" huet den hollännesche Kënschtler Bakermat elo säin Debut-Album "The Ringmaster" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Kuerz a knackeg: 10 Lidder, 30 Minutten. Déi ginn dem Bakermat awer duer fir ze weisen, datt hie vum Deep- an Tropical-House-Produzent zum Allrounder avancéiert ass. Seng musikalesch Entwécklung also top!  An och wann hie sech net méi nëmmen op ee Stil beschränkt, ass eppes bliwwen: D’Léift fir Live-Instrumentatioun an d’Melodie.

Gläichzäiteg happy an traureg, genee esou wéi d’Ups an d’Downs déi d’Liewe mat sech bréngt – esou beschreift den Hollänner de Charakter vu sengem Album. Dat geet vun éischter klasseschem Dancefloor-House, iwwer bësse méi haarde Rock bis hin zu gefillvolle Balladen ewéi zum Beispill “Bad Dreams” zesumme mat der Sängerin 7Chariot.

Een Track dee fir mech perséinlech erausstécht ass “Baianá”. Well de Bakermat ganz dacks a Brasilien op Tour geet, huet hien d’Kultur an natierlech virun allem och d’Musek ze schätze geléiert. Duerch säi Stéifbrudder ass de Museker un eng Opnam vum traditionelle brasilianesche Chouer Barbatuques komm. Déi traditionell Elementer huet hie mat modernen Akkorden an enger Saxophon-Stëmm kombinéiert. E Beweis fir säin Talent an iwweregens och ee vun de Soundtracks fir FIFA 21.

Bakermat "The Ringmaster" SNIPPET

An engem Interview sot de Bakermat, datt hien eigentlech aus puerem Spaass ugefaangen huet Musek ze maachen. An och wann et haut säi Beruff ass, ass dee Spaass bei him nach ëmmer do an iwwerdréit sech och op den Nolauschterer: “The Ringmaster” iwwerzeegt duerch beräicherend Feature-Gäscht a musikalesch Diversitéit.