5 Joer no hirem leschte Longplayer hu Major Lazor leschte Freiden hire ganz neien Album "Music is the Weapon" erausbruecht!

Kee richtegen Album, ech géif et éischter als eng Kollektioun vun 12 Lidder beschreiwen. Mat dobäi sinn eng ganz Partie bekannt an onbekannt international KënschtlerInnen, déi deelweis esouguer op 5 verschidde Sprooche sangen, an och ganz vill verschidde Stiler. Virun allem dominéiert awer de Latino- an Dancehall-Vibe, gutt erauszehéieren zum Beispill op “Sun Comes Up” mam Busy Signal an Joeboy.

View this post on Instagram

Feels good to be back and play this album on stage

A post shared by MAJOR LAZER (@majorlazer) on

“Stresseg” ass e Wuert, dat ech eigentlech net esou gär am Zesummenhang mat Musek benotzen, an deem Fall trëfft dat awer leider zou. Den “dung-ka-dung-ka”-Beat op Dauer ass nämlech tatsächlech relativ stresseg. Ëm sou besser, datt och bësse méi dezent, gefillvoll a melodesch Lidder ewéi “Can’t Take It From Me” zesumme mam Bob Marley sengem Enkel Skip oder “Trigger” mam Khalid um Album mat drop sinn, déi een tëschenduerch erëm calméieren.

An dësem Fall ass d’Musek effektiv eng Waff an och nach eng richteg effikass. Mat deem neie Major-Lazer-Album hätt een nämlech op allefalls eng Chance am Krich. Gott sei Dank huet een tëschent deenen deels scho liicht aggressive Lidder och emol d’Chance sech ze erhuelen. Zwou Saache muss ee Major Lazer awer loossen: Hiert Talent fir richteg Pop-Banger ze produzéieren ass definitiv nach net verflunn a si schafe mat “Music is a Weapon” bei mir iergendwéi esou e Gefill vu Verbonnenheet - warscheinlech wéinst deene ville verschiddenen Aflëss, Sproochen & Stiler.