Leschte Freiden huet d'Ariana Grande säin neien a 6. Studio-Album mam Titel "Positions" erausbruecht!

Lauschtert eran!

“Neue Liebe, neues Leben” huet de Goethe eng Kéier geschriwwen. Dir denkt iech elo warscheinlech: Méi kitscheg geet et net! Abee da maacht iech mam Ariana Grande sengem neien Album “Positions” elo mol gefaasst op 14 Tracks Kitsch a Sex pur! Zesumme mat sengem neie Boyfriend Dalton Gomez huet d’Ariana wärend dem Lockdown warscheinlech ganz vill Stonnen am Bett verbruecht. A wärend dem Knatteren huet d’Sängerin sech du warscheinlech geduecht: Oh komm, dat hei mécht esou vill Spaass, da schreiwe mir emol e ganzen Album doriwwer.

Mat ganz villen erotesche Wuertspiller oder deene méi ewéi zweedeitege Song-Titelen ewéi “nasty”, “pov”, “just like magic” oder “34+35” – dir kënnt déi zwou Zuele gären emol selwer zesummerechnen – mécht d’Ariana eis kloer, datt et um Album nëmmen ëm eng Saach geet: Sex! Well ze vill ronderëm de Bräi schwätzen jo awer ofturned, kënnt hatt awer och heiansdo op de Punkt: “Can you stay up all night, fuck me ‘til the daylight”.

Wann een engem d’Freed um Liewe gënnt, dann dem Ariana Grande. Huet hatt mam Attentat zu Manchester an dem Dout vu sengem Ex-Frënd Mac Miller dach e puer ganz schwéier Joren hannert sech. Musikalesch ass den Album net wierklech en Orgasmus, wuel ass den R&B-/Pop-/Trap-Sound cool an dynamesch, op Dauer klengt awer alles e bëssen d’selwecht.

Lauschtert hei de Snippet vu "Positions"!

Zum Schluss hale mir fest: Musikalesch ausbaufäeg, trotzdeem en Album dee vu Liewensfreed nëmmen esou strotzt. De Sound an d’Positioun fir deen nächste Marathon steet awer op allefalls fest!