3 Joer no sengem leschten Album "The Thrill of It All" huet de Sam Smith säin neien an 3. Longplayer "Love Goes" erausbruecht!

Lauschtert eran!

„Wann ech am Studio stinn, ass dat fir mech eng Aart Therapie. Duerch d’Musek kann ech Saachen einfach am beschte verschaffen.“ – an dat hat de Sam Smith anscheinend ganz batter néideg. Mat „Love Goes“ huet de Museker nämlech elo, ewéi hie selwer seet, säin éischte richtegen „Heartbreak-Album“ erausbruecht. Et geet awer net nëmmen ëm Herzschmerz, mee ëm dee ganzen Zyklus vun der Léift. Vum Glécklech-sinn an enger Bezéiung, iwwert d’Trennung bis hin zum Moment an deem ee sech nei verléift an en Neiufank wot. Musikalesch gëtt dat Ganzt gréisstendeels mat klasseschem Sam-Smith-Piano-Ballade-Sound ënnermoolt.

Sam Smith "Love Goes" SNIPPET

Wat beim Sam Smith natierlech erausstécht ass seng immens Stëmm, duerch déi deen neie Longplayer automatesch e ganz intime Charakter kritt. Melancholesch, voluminéis a ganz waarm – et huet een als Nolauschterer d’Gefill datt de Smith ee mat sengem Organ an eng gutt virgewiermten Decken awéckelt, ënnert där ee sech sécher a gebuerge fillt.

Donieft ka „Love Goes“ duerch Lidder ewéi „Another One“, „Dance (Til You Love Someone Else)“ a virun allem „Diamonds“ iwwerzeegen – alles Tracks op deenen een d’Gefill huet, datt de Sam Smith aus sech erauskënnt an net nëmmen a säin typescht Love-Song-Pop-Muster zeréckfält.

Fazit: De Sam Smith verschafft déi ausgelutschten Thematik "Léift" op seng eegen Aart a Weis a fënnt e ganz perséinlechen Zougang. An och wann ee musikalesch nach vill méi hätt kënnen eraushuelen, bleift seng Stëmm en absolutten Highlight.