„Supalonely“ ass eng vun den Hymnen, déi eis wärend dem Lockdown begleet hunn. Elo huet d’Benee säi laang erwaarten Debut-Album „Hey u x“ erausbruecht.

Lauschtert eran!

Normalerweis schenken ech engem Album-Cover net vill Opmierksamkeet – an deem heite Fall schonn. Éischtens, well en engem duerch de Graffiti an déi wëll, organesch Formen a Faarwen einfach direkt an d’A fält an zweetens, well en dem Benee seng Musek esou gutt erëmspigelt: Catchy, spilleresch a spaasseg, trotzdeem iergendwéi fragil.

Déi 13 Tracks op „Hey u x“ weisen, datt d’Benee net ee bestëmmtent Muster reproduzéiert, mee datt hatt sech komplett auslieft an dat mécht wourop hatt Loscht huet. D’Kënschtlerin weist säin Talent fir den Nolauschterer komplett mat a säi Bann ze zéien an alleguer senge Lidder „dat gewëssent Extra“ ze verpassen. Dobäi sinn Elementer aus ganz verschiddene Richtungen erëmzefannen: „Snail“ iwwerzeegt zum Beispill duerch bouncy 80er-Jore-Funk, den Drum’n’Bass mécht dat Ganzt „Sheesh“ an deelweis erënnert d’Benee esouguer un d’Billie Eilish.

Benee "Hey u x" SNIPPET

Nieft „Kool“ gefält mir thematesch virun allem den Opener „Happen to me“. An deem Song séngt d’Benee nämlech ganz oppen iwwert seng Panikattacke mat deenen hatt zanter e puer Joer ze kämpfen huet. D’Musekerin kann zum Beispill net eleng akafe goen ouni wansinneg ze ginn, huet Angscht datt hatt entfouert gëtt oder an engem Feier dropgeet.

D’Schleeke-Fetischistin an d’Veréierin vum Numm „Steve“ kann also och ganz eescht a ka mat sengem ofwiesslungsräichen a koolen Debut-Album „Hey u x“ zu 100% iwwerzeegen. En zweete Lockdown? Mam Benee kee Problem!