Ënnert dem Titel "Blaue Stunde huet den Gentleman säin éischten däitschsproochegen Album eraus bruecht. D‘Texter réckelen elo méi staark an de Mëttelpunkt

Dësen éischten däitschsproochegen Album ass fir den Gentleman ouni Zweiwel ee gewote Schrëtt. Ëmmerhin war hien e Véierelsjoerhonnert laang erfollegräich op Jamaikanesch ënnerwee an huet sech international ganz fir an d’Charts gespillt. Suergen kennt hie trotzdeem, vum Klima iwwert d’Politik bis hin bei säi Papp, dee sech ëmmer nach a säi Liewen amëscht. Dat ass Thema am Titel „Staubsauger“ – eent vun de beschte Lidder vum Album.

Den Gentleman huet sech 6 Joer Zäit gelooss fir deen neien Album, engersäits fir sech em säin 3. Kand ze këmmeren, anerersäits, seet hien, fir di passend däitsch Texter fir de Gesang ze fannen. D’Wieder kommen him dann och ganz fléissend woubäi de Wiessel tëscht soulegem Croonen an Hip-Hop-Sproochgesang allerdéngs heiansdo e bëssen ugestrengt eriwwer kënnt.

Textlech geet et an de Lidder em d’Liewen generell, em Politik, Frëndschaft, Léift a Famill. De Sound dozou ass oft gelongen, e Mix aus styleschem Reggae, melodiéisem Rock, an diversen HipHop-Passagen. E puer Melodien sinn allerdéngs e bësse kitscheg ausgefall – vläicht spillt jo do den Afloss aus der Teles-Show „Sing meinen Song“ mat, wou den Gentleman deemnächst fir zweete Kéier mat dobäi wäert sinn.

Snippet

Et sinn awer och emotional Passagen mat dobäi. „Bei dir sein“ handelt dovun, dass hien seng kuerz Zäit als jonke Papp net wëllt domat verschwenden, ze schaffen, oder mat Kolleegen am Café e hänken. Bei de jonke Elteren ënnert sengen Nolauschterer, déi sech et net leeschte kënnen e puer Joer doheem ze bleiwen, kënnt  déi Ausso awer vläicht net ganz gutt un.