D'Miley Cyrus ass zeréck! 3 Joer no "Younger Now" ass elo endlech säin neien Album "Plastic Hearts" um Marché.

Lauschtert eran!

Et gi wuel wéineg Kënschtler:innen déi an deene leschte Joren esou vill matgemaach hunn ewéi d’Miley Cyrus. Engersäits perséinlech: Der Sängerin hiert Haus ass 2018 bei de schroe Bëschbränn a Kalifornien ofgebrannt an d’Jugend-Léift Liam Hemsworth huet d’Scheedung agereecht. Anerersäits awer och musikalesch: Vum braven Disney Star „Hannah Montanah“ zur plakeger Skandalnuddel op engem „Wrecking Ball“, vu Country iwwer Hip-Hop bis Pop. Elo, 2020, heescht et da Rock!

De Retro-Trend geet also weider. „Plastic Hearts“ strotzt nëmmen esou vu musikaleschen Zitater aus vergaangenen Zäiten. Op „Angels Like You“ mol eng Kéier kuerz bei de Beatles zerwéiert, den Titeltrack kléngt fir mech ewéi eng Mëschung aus „Africa“ vun Toto an dem Bruno Mars sengem „Lazy Song“ an och de Phil Collins huet mat sengem legendären „In The Air Tonight“-Fill missen dru gleewen.

Och wann d’Miley Cyrus seng beschte krazeg Stëmm auspéckt, déi – muss ee wierklech soen – immens gutt bei hatt passt, ass et musikalesch awer net esou dat. Iergendwéi kléngt nämlech alles esou, wéi wann een et schonn eng Kéier héieren hätt. Do ass et och kee Wonner, datt d’Miley mam Dua Lipa zesummegeschafft huet, dat am Mäerz mat sengem „Future Nostalgia“ jo selwer de Sound aus de 70er- an 80er-Jore gefeiert hat. Direkt zwee Mol Retro, well nieft der Retro-Queen ass um Track och dem Olivia Newton-John säin 81er-Hit „Physical“ verschafft. 2020 heescht dat da „Prisoner“.

Lauschtert hei "Plastic Hearts" am Schnellduerchlaf!

Duerchdriwwen ass en, dem Miley Cyrus säin Neien. Esou richteg iwwerzeege konnt mech „Plastic Hearts“ awer leider net, och d’Texter kënnen et trotz coolem a wichtegem Message net wierklech erausrappen. Wuel si ganz sécher e puer Highlights gebueden, vläicht wär et awer och emol ubruecht, intensiv iwwert dee permanente Stilwandel nozedenken.