Leschte Freiden huet de Shawn Mendes säin neien Album "Wonder" erausbruecht!

Lauschtert eran!

„I’ve tried to be as real an as honest as I’ve ever been.“ – e Saz deen no 100.000 anere Museker a Musekerinnen elo och vum Shawn Mendes koum. Da kucke mir emol, ob do och wierklech eppes drun ass.

Thematesch ass „Wonder“ eigentlech séier resüméiert: Et geet ëm d’Léift zu sengem Camila an all senge Facetten. Sief et, wéi de Shawn hatt befriddege kann, datt hie sech e Liewen ouni hatt net méi virstelle kéint an datt hien esouguer bereet wier deen nächste Schrëtt ze goen. Am Raum stinn och aktuell a wichteg Themen ewéi Panikattacken, den Drock vun de soziale Medie mat deem een als Kënschtler liewe muss oder toxesch Männlechkeet. Egal vu wat de Shawn Mendes awer séngt, et ass ëmmer verstoppt hannert Floskelen déi ee gefillt op all Album fënnt.

Musikalesch huet de Kanadier mech dogéint iwwerzeegt. Och wa „Wonder“ e groussen Hang zum Kitsch huet a ganz vill Lidder ufanks trapeg wierken, sinn dach ganz vill iwwerraschend Momenter dobäi. De Mendes weist nämlech, datt hie seng „Stitches“- oder „Treat You Better“-Energie absolutt net verluer huet. Do hëlleft natierlech och seng facettëräich Stëmm, déi eng immens grouss Range huet an erofgeet ewéi Botter.

Lauschtert hei "Wonder" am Schnellduerchlaf!

Real an honest – sécherlech. De Shawn Mendes ass einfach bis iwwer béid Ouere verléift a wëll där ganzer Welt dat matdeelen. Virun allem textlech bleift awer vill ze wënschen iwwereg, „Wonder“ ass éischter e perfekte Pop-Produit, deen d’Masse begeeschtere soll an elo esou kuerz viru Chrëschtdag richteg gutt kënnt. Real, honest a clever!