Ganz iwwerraschend huet d'Taylor Swift leschte Freide säin neien Album "evermore" erausbruecht!

Lauschtert eran!

„Mir konnten einfach net ophale Songs ze schreiwen!“ Op en Neits huet d’Taylor Swift no „folklore“ am Juli ouni groussen Tamtam en neien Album erausbruecht. „Evermore“ féiert den Indie-Folk-Gedanke fléissend weider a verdéift en esouguer nach – d’Sängerin bezeechent déi zwee Longplayer esouguer als Schwëster-Alben.

Net fir näischt gëtt d’Taylor als „déi bedeitendst Songwriterin eiser Zäit“ betitelt. „Evermore“ ass quasi wéi e Buch dat een opschléit an deem een eng Kuerzgeschicht no där anerer entdeckt, verschiddener hänken zesummen, anerer net. „Cowboy like me“ erzielt zum Beispill d’Geschicht vun zwee Schwindler, déi an engem deiere Resort probéiere räiche Leit d’Suen aus der Täsch ze zéien a sech no enger klenger Affär anenee verléiwen. A „Champagne Problems“ seet eng Fra hirem Mann um Dag vun der Hochzäit Nee, an „No Body No Crime“ steet d’Este vun Haim, dat eigentlech als Feature-Gaascht um Song vertrueden ass, am Zentrum vun engem Kriminalfall.

„Tis The Damn Season“ erzielt vun enger jonker Fra, déi zu Los Angeles als Schauspillerin Karriär maache wëll, fir ee Weekend dohin zeréckkënnt wou si opgewuess ass, a mat hirer Jugendléift an d’Bett geet. Wéi ee Wee huet si zeréckgeluecht? Wat ass aus hir ginn? Wat huet si zeréckgelooss?

Lauschtert hei "evermore" am Schnellduerchlaf!

Dir mierkt, ech kéint iech nach stonnelaang Geschichte vum neien Album zielen, a genee dat ass de Punkt. Mam Taylor Swift sengem aussergewéinleche Songwriting daucht een an a seng ganz eegen a mystesch „Evermore“-Welt, déi perfekt bei de Wanter passt. Hat ech am Juli iwwert „folklore“ nach geschriwwen, datt ech musikalesch éischter manner begeeschtert vun deene 16 monotonen an zéie Lidder war, kann deen Neien dogéint och duerch säin ofwiesslungsräiche Sound iwwerzeegen.