Dës Woch notze mir d'Geleeënheet fir iech e ganz interessanten Newcomer aus Neiséiland virzestellen: Den Niko Walters mat sengem Debut-Album "Escape".

Lauschtert eran!

A senger Kandheet huet den Niko Walters sech reegelméisseg epesch Jam-Session-Battles mat sengem Brudder Matiu geliwwert. Déi sinn dann och emol esou krass ausgeaart, datt d’Gittar an den Eck geflunn ass. Gutt datt déi Zwee eng verstänneg Schwëster hunn, dat Schlëmmeres verhënnere konnt. De Matiu ass mat senger Band Six60 iwweregens selwer en erfollegräiche Museker.

De Matiu an den Niko hunn awer net nëmmen hir Brudderléift zelebréiert. Si hunn all fräie Moment genotzt fir zesumme Musek aus alle Richtungen ze lauschteren an d’Lidder Zeil fir Zeil an Nout fir Nout auserneen ze huelen. Op sengem Debut-Album “Escape” weist den Niko, datt hien déi Neigier ni verluer huet. Hien experimentéiert nämlech ganz vill mat verschiddene Sounds a Genres: Elektro, Soul, Funk, Hip-Hop oder Reggae. Och mat senger Stëmm mécht den Neiséilänner direkt kloer, datt hie musikalesch wierklech talentéiert ass.

Et ginn eng Partie Saachen déi mech um Niko Walters a sengem “Escape” begeeschteren. Qualitéit statt Quantitéit: Hien zitt den Album net onnéideg an d’Längt a mécht no 8 Lidder mat guddem Gewësse Schluss. Entspaant: Egal ob Texter oder Beats, hie mécht sech kee grousse Kapp ëm seng Musek. Wat kënnt dat kënnt. Intim: Hie bréngt et fäerdeg mat senger Musek eng perséinlech an emotional Verbindung zum Nolauschterer opzebauen.

“Escape” ass en erfrëschenden Debut-Album, deen ech mir grad esougutt wärend engem Sonnenënnergang um Strand zu Auckland ewéi och hei bei eis op engem reeneregen Owend doheem op der Couche virstelle kéint.