2 Joer no sengem leschten Album "Icarus" ass den Ex-OneDirection-Museker ZAYN elo zeréck mat senger neier an 3. LP "Nobody Is Listening"!

Lauschtert eran!

No “Mind of Mine” an “Icarus Falls” huet de Zayn fir säin neien Album eng bësse méi reduzéiert musikalesch Approche gewielt. Wie Lidder ewéi “Pillowtalk” oder “Dusk Till Dawn” erwaart, ass komplett falsch. “Nobody Is Listening” ass nämlech e ganz rouegen, éierlechen a sensibelen Album – laut dem Zayn “deen Album, deen hie schonn ëmmer mol eng Kéier maache wollt”.

Inhaltlech dréit sech quasi alles ëm Sex a Léift. Donieft kéint ee quasi soen, datt “Nobody Is Listening” dem Zayn seng ganz eege Rees erzielt. Vun der Trennung mam Gigi Hadid, iwwert hir Reunion, bis hin zu deem Moment an deem déi Zwee hiert gemeinsaamt Kand an den Äerm gehalen hunn. Dat Ganzt op zaartem Gittaren- oder Piano-Sound, gekoppelt mat modernen R&B-Elementer.

Lauschtert hei "Nobody Is Listening" am Schnellduerchlaf!

Och wann de Groussdeel vum Album éischter am rouegen Eck doheem ass, sinn ënnert deenen 11 Track der och e puer, déi bësse méi Drive hunn. Déi zwou Single-Auskopplungen “Better” oder “Vibez” zum Beispill. Ganz interessant fannen ech zum aneren och de Song “Sweat”, onverkennbar eng Hommage un dem Phil Collins säin “In The Air Tonight”. Esouguer dee legendären Drum-Fill ass mat dran.

Am Resumé ass “Nobody Is Listening” en Album fir ganz intim Stonnen an der Schlofkummer – “Bedroom-R&B” nennt sech dat hautesdaags. Do donieft fannen ech d’LP awer éischter mëttelméisseg. Wuel sinn e puer cool musikalesch Elementer mat dobäi, am grousse Ganze sinn d’Texter awer immens ausgelutscht an d’Lidder vill ze trapeg.