Mat engem BRIT Award fir "Rising Star" an der Plaz 1 op der "BBC Sound of 2020"-Lëscht an der Täsch, huet d'Celeste elo endlech säin Debut erausbruecht!

Ech huelen et direkt virewech: Ech sinn absolutt begeeschtert!
Et mierkt een datt d’Celeste ganz vill Wäert op Qualitéit setzt. An deem Sënn war d’Coronakris dann och guer net esou schlecht, well d’Kënschtlerin ganz vill Zäit hat u sengem Album ze feilen. Déi Eegenschaft huet hatt vu kengem aneren ewéi vum Lily Allen matkritt, bei deem sengem Label d’Celeste am Ufank vu senger Karriär ënner Vertrag stoung.

Et ass impressionant, wéi een op “Not Your Muse” Track fir Track nei Elementer entdecke kann. Sief et eng weider Facette vum Celeste senger Stëmm mat där hatt aus de Lyrics eppes ganz Besonnesches mécht, en ongewéinlecht Instrument ewéi zum Beispill Marimba oder eng ganz nei Stëmmung déi erzeugt gëtt.

Virun allem d’Stëmm ass natierlech den Highlight um Album. Endlech mol eng Kënschtlerin déi hiert onwarscheinlecht Talent an Zeen setzt an net hannert dout-produzéierte Beats verstoppt. Eng enorm Range, mol ganz zaart, heiansdo scho bal geflüstert, mol méi zackeg, trotzdeem ëmmer immens elegant, present a mächteg.

D’Celeste mécht Soul deen d’Masse begeeschtert an ass ouni Fro deen nächste brittesche Mega-Star. Et ass wouer, datt hatt deelweis u Gréissten ewéi Amy Winehouse, Adele oder Norah Jones erënnert. Mee wéi hatt mat “Not Your Muse” beweist, ass d’Celeste um beschte Wee säi ganz eegenen erfollegräiche Wee anzeschloen. Hoffentlech hält hatt dobäi u senge Qualitéits-Uspréch fest an hoffentlech kann ech hatt iergendwann eng Kéier live erliewen!