D’Foo Fighters hunn hiren neien Album als Partyalbum ugekënnegt. Mee wéi klénge Partylidder,wa se vun enger Alternative Rockband opgeholl gëtt?

Lauschtert hei den Albumcheck

Wann een di éischt Sekonne vum neie Foo Fighters Album „Medicine At Midnight“ ofspillt, kann een net richteg gleewen, dass si et wierklech sinn. Zwar hunn d‘Rock-Museker schonn an der Vergaangenheet gären experimentéiert, mat sou engem danzbare Sound hat allerdéngs kee gerechent.

Iwwerraschend ass och d’Location wou d’Museker den Album opgeholl hunn. All d’Lidder goufen nämlech all an engem 40er-Joren-Haus a Kalifornien registréiert: Ouni Schallisoléierung, dofir awer mat vill Courage zum Aussergewéinlechen. Am Titeltrack „Medicine At Midnight“ setzen si zum Beispill nei Impulser a Form vun enger klenger Kouklack.

Dominant um Album sinn awer danzbar Rocknummere wéi „Cloudspotter“, „No Son Of Mine“ oder „Holding Poison“, hir al Fans dierften awer wuel éischter vum klasseschen Akustik-Rocksong „Waiting On A War“ iwwerzeegt sinn. Den Dave Grohl séngt hei dovun, dass hie schonn als Kand Angscht virun engem Krich hat. Ee Mount nom versichten Ugrëff op d‘Demokratie an den USA ass „Waiting On A War“ sou no un der Wierklechkeet, dass et scho bal onheemlech ass.

Lauschtert hei "Medicine at Midnight" am Schnellduerchlaf!

Sou ënnerschiddlech d’Lidder um Album och sinn- een Titel ass de Foo Fighters awer komplett mësslongen- nämlech di kitscheg Ballade „Chasing Birds“ – ee Lidd wat wéi ee Friemkierper um Album wierkt.

Ee Gléck, dass deen héchst gelongenen Titel „Love Dies Young“ den Album ofschléisst. Well obwuel och an dësem Teenie-Lovesong den Text béis ze wënschen iwwreg léisst, rappt dëse kompakte Sound d’Nolauschterer richteg mat.

Fazit: Mat hire radiotauglechen 3 Minutte-Songs wäerten d‘Foo Fighters um neien Album „Medicine At Midnight“ warscheinlech ganz nei Nolauschterer uschwätzen. Eng Medezin jo- awer net fir all d'Patienten.