D’Sia geet ënnert d’Regisseurinnen: Leschte Freiden ass säin Debut-Film “Music” erauskomm. Passend dozou huet hatt dann och en neien Album released!

Lauschtert eran!

Am Mëttelpunkt vum Film stinn zwou ongläich Stéifschwësteren, déi no engem Doudesfall op eemol openeen ugewise sinn. Déi eng huet mat den Nowierkunge vu senge Sucht-Problemer ze kämpfen, déi aner ass Autistin.

“Music” huet am Virfeld fir vill Diskussioune gesuergt. Virun allem well d’Sia d’Roll vun deem autistesche Meedchen net mat enger autistescher Schauspillerin besat huet, mee mat senger Protegée. Heibäi handelt et sech ëm déi jonk Dänzerin an Actrice Maddie Ziegler. Donieft huet d’Sia eng ganz Partie kontrovers Aussoen iwwert Autismus op Twitter lassgelooss, déi hatt warscheinlech léiwer fir sech behalen hätt. Aller Kritik zum Trotz ass “Music” fir e Golden Globe an der Kategorie “Comedy or Musical” nominéiert – wat een dovun hält ass jidderengem selwer iwwerlooss.

Mir konzentréieren eis awer elo mol op dee musikaleschen Deel vum Sia sengem “Music”, den Album deen zesumme mam Film erauskomm ass. Wuel sinn e puer cool Songs mat drop déi och definitiv Hit-Potential hunn, ech fannen et awer schued datt d’Sia a senge Lidder zanter Joren un deem selwechte Schema festhält. Och “Floating Through Space”, déi xte Kollaboratioun mam David Guetta, kann dës Kéier leider net iwwerzeegen.

Mir gefalen awer déi roueg Momenter um Album relativ gutt. Besonnesch schwätzen ech vun den Tracks “Oblivion” a “Beautiful Things Can Happen”, well een hei einfach emol eng aner Facette vum Sia senger Stëmm kenneléiert.

Musikalesch iwwerzeegt d’Australierin op “Music” also leider net, dofir ass den Album vill ze monoton an d’Sängerin weist keng Weiderentwécklung. Déi aner Fro ass natierlech wat ee generell vum Projet “Music” hale soll, huet d’Sia sech dach mat sengen Handlungen an Äusserunge selwer an den Abseits geschoss a bis haut nach keng Asiicht gewisen.