Dës Woch stelle mir iech dem SG Lewis säin Debut-Album "times" vir!

Lauschtert eran!

Mat sengem “Future Nostalgia” huet d’Dua Lipa d’lescht Joer en Disco-/Retro-Trend ausgeléist. Datt deen Trend esouguer schonn op déi nei a jonk Kënschtler aus der Zeen eriwwergeet beweist de jonke brittesche Kënschtler SG Lewis. D’Referenz op d’Dua Lipa ass iwweregens net aus der Loft gegraff, den SG Lewis huet nämlech um Dua sengem Track “Hallucinate” als Produzent matgeschafft.

Den SG Lewis ass e verréckten Typ. Een deen och emol gäre seng Freestyle-Dance-Skills op Instagram weist oder e virtuelle Patt mat senge Fans drénkt. An der lescht ass e reegelrechten Hype ronderëm seng Persoun ausgebrach an hie ka mëttlerweil prominent Nimm ewéi Pharell Williams oder Disclosure zu senge Fans an Ënnerstëtzer zielen. Och déi schwedesch Sängerin Robyn schwäermt vum Samuel George, scho laang hätt kee Beat méi hatt esou zum danze bruecht ewéi beim SG Lewis. Mat där Ausso hat d’Robyn sech dunn direkt e Feature um Track 8 “Impact” verdéngt.

Mat basslastegem Disco-Sound suergt de jonke Britt fir gutt Stëmmung. Dobäi mécht hie keng iwwerméisseg komplizéiert Musek, mee suergt mat kohärentem a lässegem Sound dofir, datt ee wärend dem Lauschteren einfach net roueg sëtze bleiwe kann. Mäin absolutte Favorit um Album ass “One More”, eng Kollaboratioun mat der Chic-Legend Nile Rodgers, dee mat sengen 68 Joer nach ëmmer liwwert.

Zanter bal engem Joer sinn d’Clubs elo zou. Den SG Lewis gëtt eis mat sengem Debut-Album dee perfekte Sound fir eng Zäit an där Dancefloor-Hits bëssen zu enger Aart Hoffnung gi sinn. Bis zu där nächster Party kann ech iech “times” wäermstens un d’Häerz leeën, fir alt wéinstens doheem un d’Schweessen ze kommen.