Leschte Freiden huet den däitsche Kënschtler Robin Schulz säin neien a 4. Album "llll" erausbruecht!

Knapp 50 Tracks huet de Robin Schulz an deene leschte Jore produzéiert. Ganzer 15 dovunner hunn et op säin neien Album “llll” gepackt. Dorënner sinn eng ganz Partie bekannte Lidder ewéi “Speechless”, “Rather Be Alone” oder “All This Love”. Dorënner ass awer och ganz vill neit Material. Fir mech stiechen ënnert anerem de Felix-Jaehn-Feature “One More Time” an den Track 10 “Make Me Feel the Night” mam Tyler James Bellinger eraus, dee mech e bëssen un “Infinity 2008” vum Guru Josh Project erënnert.

Net fir näischt steet de Robin Schulz aktuell do wou hien ass. Hien ass e sympatheschen a buedemstännegen Typ, dee ganz vill vum direkten Austausch mat anere Kënschtler:innen lieft. Deementspriechend schwiereg war dat lescht Joer fir den Däitschen. Hie war gezwongen haaptsächlech online u senge Kollaboratiounen ze schaffen, wat de kreative Prozess zum Gléck awer absolutt net beaflosst huet.

D’Album-Format ass sécherlech keent wat bei e Kënschtler ewéi de Robin Schulz passt. Dofir si seng Lidder alleguerten ze änlech an et kléngt mat der Zäit alles d’selwecht. Dat soll awer keng Kritik u senger Musek sinn. Am Géigendeel zu villen aneren däitsche Produzenten bleift de Robin Schulz sech selwer nämlech zanter Joren trei a liwwert ëmmer erëm qualitativ héichwäerteg Elektro-Pop-Singles déi begeeschteren.