4 Joer no sengem leschten Album huet déi schwedesch Kënschtlerin Zara Larsson leschte Freide säin neien Album "Poster Girl" erausbruecht!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Virop muss ech soen datt ech am Fong kee Fan dovu sinn, wa Lidder déi schonn e puer Joer al sinn mat op en Album geheit ginn. Meeschtens wierkt dat einfach aus dem Konzept gerappt. Am Fall vum Zara Larsson klappt dat awer relativ gutt, well “Ruin My Life” esouwuel thematesch ewéi musikalesch gutt erapasst.

“Ech hoffe jidderee wäert doheem an der Stuff op meng Musek danzen!” Dat sot d’Zara Larsson iwwert säin neien Album “Poster Girl”. A jo, zum Deel kann e scho ganz gutt drop danzen. Op “Look What You’ve Done” zum Beispill, en Track dee ganz staark un d’Ufäng vu Clean Bandit erënnert an duerno peppeg Disco-Vibes verbreet.

Lauschtert hei "Poster Girl" am Schnellduerchlaf!

D’Zara Larsson verschafft op sengem neien Album quasi alleguer d’Richtunge vu moderner Chart-Musek. Iwwert den ugeschwaten Disco-Sound, iwwer R&B, Hip-Hop oder EDM. Thematesch fokusséiert d’Schwedin sech op d’Thema Léift a beliicht dëst an alleguer senge Facetten: Frustratioun, Chaos, Sensualitéit, Extase a puert Gléck.

D’Zara Larsson ass sécherlech ee vun deene grousse Pop-Stars aus eiser Generatioun. Heiansdo fannen ech datt d’Sängerin sech méi traue kéint, well seng Musek mir deelweis ze glat an ze perfekt ass. Trotzdeem iwwerzeegt hatt op “Poster Girl” mat optimistesche Pop-Nummeren a coole Grooves.