Säi Concert an de Rotonden Enn Abrëll gouf leider ofgesot. Ëmmerhin tréischt den Tom Grennan eis mat sengem neien Album "Evering Road"!

Lauschtert eran!

D’Evering Road zu London. Déi Strooss déi dem Tom Grennan sengem neien Album den Numm ginn huet, virun allem awer och déi Strooss duerch déi den Album iwwerhaapt entstanen ass. Genee do huet de brittesche Singer/Songwriter nämlech laang mat senger Frëndin zesummegewunnt. No dräi an engem hallwe Joer war awer Schluss. A wéi de Grennan zougëtt, war eleng hie selwer doru Schold. Hien hätt toxescht Verhalen un den Dag geluecht a wier net dee beschte Frënd gewiescht, esou de Museker. Mee, och wann et haart war, huet zu senge Feeler gestanen an draus geléiert. A genee esou presentéiert den Tom Grennan sech och op sengem neien Album: Oppen, éierlech, emotional an direkt!

Den Tom Grennan, deen et als Fussball-Jugendspiller esouguer bis op Aston Villa gepackt hat, séngt op “Evering Road” gréisstendeels iwwert sech selwer. Engersäits verschafft hien d’Trennung esou bëssen a Form vun engem Tagebuch, anerersäits geet et dorëms wéi hie sech als Mënsch verännert huet a wéi gutt et him mëttlerweil geet. Passend dozou fënnt een um Longplayer dann och ganz vill optimistesch Hymnen ewéi beispillsweis “Something Better”, an där et ënnert anerem heescht: “So nobody try wipe the smile off my face”.

Vu soulege Ballade bis hin zu rhythmeschem Danzen ass op “Evering Road” alles mat dobäi. Heiansdo hätt ech mir e bësse méi Originalitéit gewënscht fir sech méi vu Radio-Pop ofzehiewen. Trotzdeem muss ech den Tom Grennan luewen, virun allem well seng krazeg an immens authentesch Stëmm ëmmer erëm en Highlight ass.