Neien Album vum Justin Bieber! A genee esou ewéi bei sengem leschte Release ass och hei net alles riicht gelaf, fënnt de Chris a sengem Albumcheck.

Lauschtert eran!

“Justice.” – Gerechtegkeet! “Justice” – genee esou wéi d’Band Justice! Gesäit mam Kräiz an der Schrëft um Cover och nach genee esou aus wéi de Logo vun där franséischer Band. Justice sinn iwweregens keng Onbekannt, 2019 hunn de Gaspard Augé an de Xavier de Rosnay e Grammy fir dee beschten Elektro-Album gewonnen. À propos Grammys: Do war jo nach eppes! Den Justin Bieber hat sech nämlech opgereegt, datt säi leschte Longplayer an där falscher Kategorie nominéiert war. Nu gutt, leeë mir all d’Kontroversen kuerz emol op d’Säit a konzentréieren eis op d’Musek.

Zanter knapp zwee an engem hallwe Joer ass den Justin elo mat sengem Hailey bestuet. A verléift ass hien nach ëmmer, bis ganz wäit iwwert béid Oueren. Ahjo an och ganz vill gleeweg. Dat héiert een definitiv och eraus wann ee sech déi 45 Minutten “Justice” eranzitt.

Lauschtert hei "Justice" am Schnellduerchlaf!

Musikalesch ewéi textlech ass den Album éischter e Justiz-Iertum. Mäin Urteel fält awer net nëmmen negativ aus: Déi héichkaräteg Feature-Gäscht loossen den Justin sech nämlech alt wéinstens e bëssen op der Uklobänk entspanen. Mat vertruede sinn zum Beispill de Burna Boy, benny blanco, The Kid LAROI, Khalid oder och den Dominic Fike.

Scho bësse witzeg wann ee säin Album “Justice” nennt, direkt zwee Mol Zitater vum Martin Luther King Jr. mat abaut an dann einfach bei Museker-Kollege klaut. Och wann et “just” de Logo ass, geet dat guer net a gehéiert bestrooft. E Fräisproch kritt den Justin och net duerch seng Musek. Bis op e puer Kollaboratiounen huet mech “Justice” nämlech 0 iwwerzeegt.