Leschte Freiden hunn d'Met-Bridder Adam, Jack a Ryan hiren neie Longplayer "OK OCHESTRA" erausbruecht.

Lauschtert eran!

“OK ORCHESTRA”! Bang! In your face! Datt d’Buchstawen am Album-Titel grouss geschriwwe ginn ass sécherlech keen Zoufall. Genee esou ewéi déi engem nämlech direkt an d’A stiechen, spréngt engem d’Musek um neien AJR-Longplayer nämlech fërmlech an d’Ouer. Lass geet et – wéi kéint et bei den dräi New Yorker anescht sinn – mat enger Ouverture, an dësem Fall der “OK Overture”. A 4:31 Minutten verschafft d’Band lauter Samples vun deene reschtlechen 12 Tracks a schaft esou en ongewéinlechen mee gelongenen Album-Opener!

AJR zéien op “OK ORCHESTRA” all Regëster: Hir bekannt mächteg Trompetten, Piano-Parts mat Joplin-Charakter, Sträicher a knalleg Drums. Dobäi komme ganz staark Retro-Jazz-, Funk- an 30er-Big-Band-Aflëss. Aus Al maach Nei deemno.

Och de Songwriting vun de Gebridder, déi iwweregens duerch d’Beach Boys an de Paul Simon op de Goût vun der Musek komm sinn, kann iwwerzeegen. Si kreéieren duerch d’Anekdoten déi si um Album erzielen eng nostalgesch a sentimental Stëmmung, bréngen et duerch hire melodesche Punch awer gläichzäiteg fäerdeg, keng negativ Gedanken opkommen ze loossen.

“OK ORCHESTRA” ass en triumphalen Album, dee virun allem duerch groussaarteg Arrangementer an d’Produktioun glänze kann. AJR bleiwen net op enger Schinn hänken an entwéckelen sech vu Release zu Release ëmmer weider. Eng grouss Show, fir déi ee sech onbedéngt an déi éischt Rei setze sollt!