Passend zur där neier Doku huet d'Demi Lovato leschte Freide säin neien Album "Dancing With The Devil...The Art of Starting Over" erausbruecht!

Kompromësslos éierlech! Esou verschafft d’Demi Lovato déi ganz däischter Phasen a sengem Liewen. Engersäits natierlech d’Nuecht vun der Iwwerdosis an där hatt vu sengem Drogendealer vergewaltegt a quasi fir ze stierwen zeréckgelooss gouf. Anerersäits behandelt hatt awer och seng Zäiten als Disney-Teenager-Star. Och deemools huet d’Kënschtlerin nämlech missen Erfarunge mat sexuellem Mëssbrauch maachen, déi iwweregens bis haut ouni Konsequenze bliwwe sinn.

Am Song “ICU (Madison’s Lullabye)” séngt d’Demi: “I was blind, but now I see clearly – I see you”. Net nëmmen e Wuertspill, ICU ass och d’Ofkierzung fir “intensive care unit”, oder eng Metapher, mee pueren Eescht. Ewéi d’Sängerin nämlech no senger Iwwerdosis op der Intensivstatioun erëm zou sech komm ass, gouf hatt effektiv temporär fir blann erkläert. An och haut ass seng Siicht nach ëmmer net bei 100%.

“Dancing With The Devil...The Art of Starting Over” – mat sengem neien Album séngt d’Demi sech net nëmmen déi schwéier Zäite vun der Séil, mee rechent och gnadenlos mat sech selwer an aneren of. Donieft gëtt hatt eis och Hoffnung fir d’Zukunft.

Och wann e puer Tracks manner net geschuet hätten: Dem Demi Lovato säin neien Album ass gelongen a mir freeën eis mengen ech alleguer datt et him erëm besser geet. Virun allem iwwerzeegt huet mech dee staarken, selbstbewossten a besonnesch emotionale Songwriting. Och musikalesch ass mat Retro-Sound, Pop-Balladen an enger wonnerbarer Power-Stëmm, déi och duerch mächteg produzéiert Beats duerchschéngt, alles mat dobäi. An dat hei ass en Album, do kann engem beim Lauschteren och emol déi eng oder aner Krokodilstréin iwwert de Bak lafen.