Mat Songs ewéi "Hey Now" oder "Wasting My Young Years" si London Grammar bekannt ginn. Elo sinn déi Dräi zeréck mat hirem neien Album "Californian Soil"!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Direkt mam Intro, an deem Sträicher a virun allem e ganz präsente Kontrabass dominéieren, gëtt kloer wat een op “Californian Soil” erwaart: Keng Hektik, Plaz fir sech ze entfalen a ganz vill Gefill.

Opraume mat der Vergaangenheet an negativ Erliefnisser hannert sech loossen – dat ass d’Zil wat London Grammar op hirem neien Album verfollegen. E grousst Thema sinn zum Beispill dem Hannah Reid seng Erfarunge mat Sexismus an der Museksindustrie. Generell ass ëmmer erëm Kritik un deenen traditionelle Geschlechterrollen erauszehéieren.

Lauschtert hei "Californian Soil" am Schnellduerchlaf!

Musikalesch steet natierlech dem Hannah seng Stëmm am Fokus, déi fir mech nach ëmmer eng vun deene schéinsten, kloersten an elegantste Stëmmen iwwerhaapt ass. Scho bal majestätesch trount hatt iwwert deene gewinnt dezenten a sphäreschen Elektro-Indie-Pop-Beats. Heiansdo brauch een eben einfach net vill fir glécklech ze sinn.

“Californian Soil” weist engersäits dem Hannah seng Entwécklung als Perséinlechkeet. Och wa ganz subtil, fäert hatt net méi Saachen unzeschwätzen déi him net passen an hëlt esou eng bedeitend Leader-Roll an. Op där anerer Säit ass deen neien Album alt erëm e Beweis, datt London Grammar et besser ewéi keng aner Band verstinn, hir gréisste Qualitéit, dem Hannah seng Stëmm, bedéngungslos an Zeen ze setzen. Chapeau!