Mat Lidder ewéi “Me, Myself & I”, “Last Hurrah” oder “In The Name Of Love” ass d’Bebe Rexha zum Pop-Star avancéiert. Elo ass säin neien Album dobaussen!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Kuerz a knackeg 36 Minutten daueren déi 13 Tracks um Bebe Rexha sengem neien Album. An op “Better Mistakes” ass wierklech vun allem eppes dobäi: Pop, Hip-Hop, Rock & Dance.

Donieft sinn iwwerraschend vill Feature-Gäscht mat um Longplayer vertrueden. Dat geet vun Hip-Hop-Gréissten ewéi Rick Ross oder Ty Dolla $ign, bis hin zum Doja Cat an dem Blink-182-Batteur Travis Barker.

Trotz deene ville verschiddene Stiler zitt sech eng Saach duerch de ganzen Album: Alleguer d’Lidder, esouguer déi dräi roueg Tracks “Mama”, “Empty” a “Sabotage”, si wierklech richteg fett produzéiert. Passt engersäits ganz gutt bei d’Power am Bebe Rexha senger Stëmm, hëlt awer anerersäits och alleguer d’Feinheeten an d’Nuancen eraus – mir perséinlech ass et e bëssen too much.

Esou kléngt "Better Mistakes" am Schnellduerchlaf!

D’New Yorkerin behandelt op “Better Mistakes” Themen ewéi Zerbriechlechkeet oder seng emotional Onsécherheeten. Donieft fuerdert hatt Gedold a Matgefill am Ëmgang mat sech selwer an deene Mënsche ronderëm een. Jidderee géif nämlech aktuell probéieren erëm zeréck an d’Spuer ze fannen an dat bräicht Zäit!

Ofwiesslungsräich an och iergendwéi net – dat ass mäi Fazit vum Bebe Rexha sengem neien Album. Et erwaarden ee vill musikalesch Richtungen, mee doduerch datt “Better Mistakes” esou kompakt a mächteg produzéiert ass, gëtt et mat der Zäit e bëssen ustrengend. Thematesch par contre mécht d’Kënschtlerin absolutt e Schrëtt no vir!