Ee Joer no hirem leschten Album sinn d'Mighty Oaks zeréck. Mir presentéieren iech dës Woch hiren neien Album "Mexico" am Albumcheck!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

“Mexico” ass gréisstendeels wärend deem éischte Lockdown 2020 entstanen. De Sänger Ian Hooper huet déi ganz Situatioun einfach esou absurd fonnt: Engersäits hunn d’Leit sech an de Supermarchéen ëm Toilettëpabeier gestridden, anerersäits huet hien déi amerikanesch an europäesch Asylpolitik beschäftegt. Wärend d’Welt op der Kopp stoung, hunn d’Mighty Oaks sech dofir einfach emol op Mexiko derduerchgemaach.

Iwwert de ganzen Album ewech mierkt een datt den Trio mëttlerweil méi déifgrënneg Texter schreift. Zum Beispill huele si sech op “Land of broken dreams” den American Dream op d’Broscht a kritiséieren d’Schéier tëschent Aarm a Räich an de States. Doru wäerten d’Mighty Oaks mat hirer Musek sécherlech näischt änneren, trotzdeem gutt datt och eescht Theme Plaz op hirem Album fannen.

Musikalesch erkennt een d’Mighty Oaks op “Mexico” direkt erëm: Lockeren, nodenklechen, melancholeschen an awer och hoffnungsvollen Indie-Folk-Pop mat einfachen a catchy Melodien. Mäi Favorit: Den Track 5 “Ghost”.

Mat “Mexico” liwweren d’Mighty Oaks dee perfekte Soundtrack fir deen nächste Sonnenënnergang beim Lagerfeier oder deen nächste Roadtrip an de Süden. D’Musek vum Trio ass einfach ze verstoen, onbeschwéiert a mécht einfach Loscht erauszekommen.

Esou kléngt "Mexico" am Schnellduerchlaf!