Mat "Driver's License" ass d'Olivia Rodrigo am Januar effektiv iwwer Nuecht zum Star ginn. Elo ass den Debut-Album "sour" dobaussen!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Dem Olivia Rodrigo säin Erfolleg ass impressionant. Scho ganz laang gouf et kee Song méi, deen esou ageschloen huet ewéi “Driver’s License”. Dat virun allem well d’Lyrics esou herrlech konkret a gräifbar sinn an et mengen ech jidderengem vun eis wärend där leschter Zäit heiansdo einfach fir ze kräische war. An am Fong steet och elo scho fest, dass hatt eng groussaarteg musikalesch Karriär dohileeë wäert.

An och op sengem Debut-Album weist d’Musekerin, datt eng vu senge grousse Stäerkten am Songwriting läit. Hatt behandelt op „sour“ d’Trennung vu sengem Frënd a léisst den Emotiounen einfach emol fräie Laf. A jiddereen huet esou seng eegen Tricks ewéi ee mat engem Réckschlag ëmgeet. D’Olivia reagéiert zum Beispill och mat Ironie a gratuléiert souzesoen op „good 4 u“ sengem Ex, datt hien esou séier iwwert d’Trennung ewechkomm ass.

Esou kléngt "sour" am Schnellduerchlaf!

Och beim Sound vum Album mierkt een datt d’Sängerin emotional opgewullt ass. Deels erwaarden ee méi rockeg Tracks, deels geet hatt méi a Richtung Pop-Punk, natierlech dierfen déi immens elegant Balladen ewéi „favorite crime“ awer net feelen.

Ewéi déi meescht Teenager ass d’Olivia Rodrigo nach op der Sich no senger Plaz. Trotzdeem beweist elo scho säin enormt Talent a seng musikalesch Villfältegkeet. Mat „sour“ ass him e jonkt Debut-Wierk mat Attitüd gelongen, op deem hatt d’Thematik Léift op eng erfrëschend Aart a Weis verschafft.