Easy Life sinn eng Indie-Pop-Band vu Leicester, déi beim "BBC Sound of 2020" op déi 2. Plaz komm sinn. Elo ass den Debut-Album "life's a beach" dobaussen!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

De Murray Matravers ass op enger Schnuddelhong-Farm an den englesche Midlands opgewuess. D’Schoul huet hien ofgebrach, fir sech iwwer Waasser ze halen huet hie Milkshakes a Grompere verkaaft a säi gréissten Hobby war kiffen – vläicht kënnt jo dohier och de Band-Numm "Easy Life". Op allefalls huet de Murray sengem Liewen duerch säi musikalesche Projet erëm eng Perspektiv ginn an et fäerdeg bruecht aus deem schlechte soziale Milieu auszebriechen.

A genee aus där Liewenserfarung vun hirem Front-Mann eraus schreiwen Easy Life hir Musek. Si schwätze Problemer un, mat deene sech virun allem ganz vill Jonker einfach gutt identifizéiere kënnen. Dat geet vun der Entwécklung vu senger eegener Perséinlechkeet, iwwert den Ëmgang mat Depressiounen, bis hin zu den Enttäuschungen déi d’Liewen esou fir ee parat hält.

“Life’s a Beach” strotzt nëmmen esou vu Liichtegkeet a Charme, d’Stëmmung ass gläichzäiteg awer esou melancholesch a mysteriéis, datt se zu all Moment kippe kéint – quasi wéi den Auto um Cover, dee sech esou just nach iwwer Waasser hält. Easy Life benotzen Hip-Hop-Beats, Indie-Gittaren, R&B- an elektronesch Elementer. Wat awer virun allem opfält ass de Flow, deen de ganzen Album iwwer net verluer geet.

Lauschtert hei "life's a beach" am Schnellduerchlaf!

Erwaardungen erfëllt! Easy Life liwwere mat “life’s a beach” en absolutt gelongenen Debut-Album, deen d’Onbeschwéiertheet an d’Problemer vun eiser Generatioun perfekt op de Punkt bréngt!