Zanter iwwer 20 Joer ass de Lëtzebuerger Daniel Balthasar an der Museksbranche aktiv. Elo ass säin neien Album "Somebody's Somebody" dobaussen!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Schonn ëmmer hat den Daniel Balthasar de Besoin nei Musek ze erfannen an opzehuelen. An och no iwwer 20 Joer Karriär ass deen Drive nach ëmmer do. D’Aarbechten un deem neien Album waren awer besonnesch turbulent. Alles huet nämlech domat ugefaangen, dass d’Band mat där hien 13 Joer laang zesumme gespillt huet, auserneegebrach ass. Dat huet bei him eng perséinlech Kris ausgeléist.

"Wann an enger Frëndschaft oder virun allem och an enger Band oder enger Famill een ewechbrécht, hannerléisst dat e rise Lach. Et ass schwéier wann eng Persoun un déi ee sech esou laang gewinnt huet, déi ëmmer do war an déi ee fir selbstverständlech geholl huet, op eemol net méi do ass!”

RTL

Daniel Balthasar / © Eldoradio

Mam Charel Stoltz an Jimmy Leen vu Mad Fox huet den Daniel dunn awer zwee Museker fonnt, déi him duerch hir Energie erëm Spaass a Loscht ginn hu fir weiderzemaachen. Queesch duerch Europa huet d’Band sech a Studioen an der Belsch, Frankräich an Holland fir e puer Deeg agespaart an um Longplayer geschafft. Och wann den Daniel seng Demos ëmmer am Viraus doheem preparéiert, huet hien awer gemierkt, dass de Produit vill besser gëtt wann hie senger Band ganz vill Fräiheete léisst.

“Ech soen ëmmer: All Iddi ass erlabt wa se besser ass ewéi meng! A well si wierklech immens talentéiert sinn, komme si mat wierklech gudden Iddien op déi ech selwer vläicht ni komm wär.”

“Somebody’s Somebody” fänkt rockeg un, gëtt mat der Zäit awer ëmmer méi reduzéiert a méi lues. De Lëtzebuerger behandelt de Fait dass mir alleguer an engem gewëssene Sënn ersetzbar sinn an erzielt Geschichte vu gescheiterte Perséinlechkeeten.

          "tonight I'm drinking alone at the hotel bar
          watching the people from afar

          as they laugh and they dance and they conversate
          I keep my distance, in the shade"
          (Lyrics/ Hotel Bar)

Esou kléngt "Somebody's Somebody" am Schnellduerchlaf!

Den Daniel Balthasar leent et kategoresch of sech op ee Stil festzeleeën, wëll op sengen Alben eng speziell Atmosphär opbauen a vill vu sech selwer weisen. A genee dat ass him op en Neits mat sengem neien, ofwiesslungsräichen an héichwäerteg produzéierten Album gelongen!