Di 25 järeg Sängerin a Rapperin huet elo säin drëtten Album released, op dem ënnert anerem d'Lidd "Kiss Me More" mat drop ass!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Op dësem Album mierkt een, dass d'Sängerin sech net op eng Museksrichtung oder ee Stil festleeë well. Den Longplayer weist vill verschidde Facettë vun der Sängerin. Mat Lidder wéi "Payday" oder "Need To Know" gëtt d'Sängerin Vollgaas a suergt fir Stëmmung op all Party. Mee op dësem Album fënnt een och méi melancholesch a lues Lidder. Sou kann ee sech bei Lidder wéi "Imagine" oder "Alone" dann éischter zréck leeën a relaxen.

D'Doja Cat huet op dësem Album mat immens ville grousse KënschtlerInnen zesummegeschafft. Um Longplayer fënnt een zum Beispill Tracks mam Ariana Grande, SZA, Young Thug oder souguer mam The Weeknd. "You Right" ass dann och déi Kollaboratioun déi mech perséinlech am meeschten iwwerzeegt huet. Bei deem Lidd verschwammen nämlech dem Doja Cat seng markant a staark Stëmm mat de relaxen a rouegen Elementer vum The Weeknd, wat fir en angeneeme Kontrast suergt.

Esou kléngt "Planet Her" am Schnellduerchlaf!

Mäi Fazit: "Planet Her" huet mir am grousse Ganze gutt gefall. Et ass och immens impressionant, dass d'Musekerin schonn no 2 Joer Karriär mat esou grousse Stars kann zesumme schaffen. Villäicht war den Album mat 14 Lidder bësse laang. Trotzdeem gouf et engem net langweileg vue dass vill verschidde Facettë vun der Sängerin gewise goufen.