De lëtzebuergesche Museker Steve Marinangeli mat sengem Debut-Album Hidden Thought.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

De Steve Marinangli, ee jonke lëtzebuergesche Museker, huet sech wärend dem Lockdown doheem net gelangweilt an huet säin alleréischten eegenen Album produzéiert. Mam Album “Hidden Thoughts” huet de Steve sech een Dram erfëllt.

"Et ass wierklech ee wansinnegt gutt Gefill. Virun e puer Méint oder engem Joer hätt ech ni geduecht dass ech eng Kéier mäin eegenen Album wäert dobaussen hunn. Bis elo krut ech och well positive Feedback vu Léit di gewësse Lidder wierklech gär hunn. An och global ass den Album an den Itunes Charts op Platz 1 gewiescht."

Nodeems de Steve an deene leschte Joren ëmmer mol rëm selwer Musek geschriwwen a produzéiert huet, wollt hien dës Lidder elo weiderentwéckelen an se op engem Album zesummefaassen.

"Inspiréiert huet mech an éischter Siicht meng eegen Erfarung, déi ech a mengem Liewe well hat. An ganz éierlech gesot, wéi ech méin éischt Lidd erausbruecht hat, hat ech net am Kapp, dass ech eng Kéier géif een eegenen Album erausbréngen."

Fir dësen Album ze produzéieren huet de Steve sech awer Hëllef geholl. Fir de Mastering an de Mixing ze finaliséieren, huet de Museker sech Ënnerstëtzung vun internationale Producer geholl.

Am Groussen a Ganzen huet et tëschent 6 an 8 Méint gedauert, bis den Album fäerdeg war a released konnt ginn. Fir de Gesang huet de Museker och mat verschiddenen internationale Sänger a Sängerinnen zesummegeschafft.

"Um Album konnt ech endlech elo mol e puer Features oplëschten. Hei hunn ech da verschidde Kënschtler ugeschriwwen an se gefrot, ob se Loscht hätte mat mir ze schaffen.Ech hat da meeschtens den Text an d'Melodie fäerdeg an och eng Demoversioun mat Gesang, dass se sech konnten ee Bild maachen."

Esou kléngt "Hidden Thoughts" am Schnellduerchlaf!

Mat „Hidden Thoughts“ huet de Steve Marinangeli ee Longplayer produzéiert, dee verschiddenen Atmosphäre beschreift, an domadder och bëssen d'Geschicht vum Museker erzielt. Et ass also een Album fir jiddereen.