De spuenesch-däitsche Sänger huet säi summerlechen Album "Magia" released.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Den Alvaro Soler ass zu Barcelona opgewuess, wunnt awer mëttlerweil och an Däitschland. Mat sengem aktuellen Album „Magia“ probéiert hien eis déi spuenesch Summer-Vibes eriwwerzebrengen.

Den Album, deen aus 13 Lidder besteet, fenkt direkt mam Alvaro Soler sengem groussen rezenten Hit „Magia“ un.  Dëst Lidd war international an allen Charts ze fannen an huet bei Spotify schonn iwwer 30 Milliounen Streams erreescht.

Wann een den Album am Ganzen lauschtert, kléngen immens vill Lidder zimmlech d'nämmlecht. Den klasseschen Latin-Beat zitt sech duerch déi 13 Lidder an et ass wéineg Ofwiesslung a punkto Tempo oder Stil mat dobäi.

Trotzdeem hu Lidder wéi Mañana oder Si Te Vas awer definitiv Potenzial fir grouss erauszekomme vue dass si och als eenzel Singles gutt kléngen. Dës Lidder hu bësse méi Pepp an sinn doduerch am kloren Virdeel.

De Sänger selwer huet an engem Interview gesot, dass et säi bis elo intiimsten an a sengen A beschten Album  wier. An den Texter probéiert de Sänger Themen aus der momentan schwéierer Zäit ze verschaffen.

Menger Meenung no, hätt et dem Album Magia besser gedoen, wa méi Ofwiesslung dra gewiescht wier a net alles bëssen an eng Richtung géif goen. Wann een awer elo déi eenzel Lidder erauspickt, si wierklech puer gutt Lidder dobäi, déi leider am ganzen Album an der Masse ënnerginn.