Vun der Stroossemusekerin un d'Spëtzt vun den internationalen Charts.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Déi 28-järeg Sing a Songwriterin Toni Watson ass an Australien op d’Welt komm an och opgewuess. Nodeems d’Sängerin 2017 als Stroossemusekerin ënnert sengem Kënschtlernumm Tones an I ugefaangen huet an och do ee Präis bei engem Concours krut, war d’Sängerin net méi ze halen.

Mat der Single "Dance Monkey“ huet d’Sängerin säi musikaleschen Duerchbroch erreecht. D’Lidd huet et am August 2019 un d’Spëtzt vun den Australeschen Charts gepackt.

Elo huet d’Sängerin dann endlech säin éischten Album "Welcome To The Madhouse" mat 14 Lidder drop erausbruecht. Op dësem Album probéiert d’Sängerin seng jonk an awer schonn immens beweegte Geschicht ze erzielen. D’Tones And I seet, dass den Album eng emotional Achterbunnfaart vun der Sängerin hire Gefiller beschreift. Dës weidere sollen d’Lidder d’Nolauschterer op enger Säit zum laache bréngen an op der anerer Säit zum kräischen.

Et ass op jiddefalls een immens ofwiesslungsräichen Album dee vu ganz rouegen an emotionale Lidder wei zum Beispill „Lonely“ oder „Just A Mess“ awer och mat Lidder, déi gutt Laun a Stëmmung verbreeden. D'Sàngerin huet seng Stëmm rëm ganz villsäiteg agesat a kann doduerch d’Stëmmung vun deene verschiddene Lidder beaflossen.

Menger Meenung ass et een zimmlech gudden Debut-Album vun enger Sängerin déi sech Zäit geholl huet dësen auszeschaffen an ze produzéieren. Lidder wéi „Welcome To The Madhouse“ oder „You Don’t Know My Name” suerge fir eng gewësse Partystëmmung. “Fall Apart” oder “Dark Waters” sinn e Stéck méi roueg a weisen awer der Sängerin hier Emotiounen a Gefiller.

Am groussen a ganze gefält den Album mir gutt an et ass wierklech fir jiddereen eppes mat dobäi. Duerch dëse léiert een déi australesch Sängerin bësse besser kennen an och musikalesch ass et eng Ofwiesslungsräich Rees.