Déi brittesch Sängerin Anne-Marie ass zréck mat sengem neien Album "Therapy"

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Am Mee 2021 huet déi brittesch Sängerin Anne-Marie déi éischt Single "Our Song" aus sengem neien Album "Therapy" released. Elo huet hat den Album dann released.

Wann een den Album "Therapy" an engem Stéck lauschtert, si leider net ganz vill Lidder drop, déi aus dem ganze Projet erausstiechen. Doduerch wierkt den Album zimmlech langweileg an ouni wierklech Highlighter. De Longplayer wierkt zimmlech monoton vue dass vill Lidder änlech klengen.
Lidder wéi "Unlovable" zesumme mat Rudimental oder "Kiss My (Uh Oh)" sinn dann éischter déi eenzeg Lidder déi duerch hir bësse méi locker a peppeg Melodie bësse méi uspriechend sinn. Dës Lidder kann een da bëssen als Héichpunkt vum Album ugesinn.

Leider sinn awer aner Lidd wierklech nëmmen duerchschnëttlech gutt an et kann ee verschidde Lidder bal net auserneenhalen. Menger Meenung no ass et definitiv keen Album deen een sech komplett an enger Kéier ulauschtert.

Fir d'Sängerin ass den Album awer extrem perséinlech an hat wéisst sech vu senger verletzlecher Säit. D'Anne-Marie probéiert an den Texter iwwert seng psychesch Problemer a seng Ängschten ze schwätzen. Ech fannen den Album awer net elo net méi perséinlech wéi zum Beispill säi leschten.

D'Texter an de Lidder "X2", "Who I Am" sinn da bësse méi perséinlech an awer handelen se ëm déi klassesch Theme wéi zum Beispill: sech selwer gär ze hunn a sech ze akzeptéieren.

Menger Meenung no hätt een aus dem Album definitiv méi kéinte maachen an et ass leider bëssen ee monotonen an onintressante Longplayer ginn. Trotzdeem sinn e puer gutt Lidder mat dobäi, déi den Album da bëssen opwäerten.