No 2 Joer Paus ass d'Musekerin elo zeréck mat sengem neien Album.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

2 Joer no sengem leschten Album huet déi 19-Järeg Musekerin Billie Eilish elo säin neien Album “Happier Than Ever” released.

Mat 16 Lidder ass den Album wierklech ee Longplayer mee et gëtt engem trotzdeem wärend dem lauschteren net langweileg.

Et ass ee Mix aus verschiddene Stiler, déi awer trotzdeem all bei d’Billie Eilish passen. An den Texter probéiert d’Musekerin säi Liewen ze beschreiwen a senge Fans méi no ze bréngen.

Am Lidd "Overheated“ séngt d’Musekerin driwwer, dass d’Paparazzi hat esou extrem verfollegen nëmme wëll hat bëssen anescht wier wéi aner Museker.

Zesumme mat sengem Brudder huet hat dëse modernen an awer zäitlosen Album geschriwwen a produzéiert. Am Lidd „Your Power“ benotzt d’Sängerin akustesch Gittartéin, déi eng verdreemten a roueg Atmosphär kreéieren.

Aner Lidd wéi zum Beispill "NDA“ an "I Didn’t Change My Number“ sinn da bësse méi elektronesch produzéiert a souguer Autotune ass mat agebaut.

Zimmlech zum Schluss vum Album kënnt da menger Meenung no den Highlight vum Longplayer mam Lidd "Happier Than Ever“. Hei séngt d’Sängerin vun enger Trennung, wou den Ex-Frënd zum Stalker gëtt.

Am groussen a ganzen ass et een Album, deen definitiv bei d’Billie Eilish passt. Et ass een wierklech gudden Album ginn an trotzdeem mierkt een, dass dem Billie Eilish d’Theme fir Lidder ze schreiwen net ausginn an datt do bestëmmt nach vill nokënnt.

N.S.