
© Versavia Peckels
De lëtzebuergesche Rapper Turnup Tun ass zréck mat summerlechem Album.
Nodeems den Tun Tonnar aka Turnup Tun sech an deene leschte Joren een Numm an der lëtzebuergescher Musekszeen gemaach huet, huet hien elo säin neisten Album "Schlëmme Summer" released.
Den Album mat 9 Lidder soll wéi den Titel et och scho verréit de Leit d’Freed op de Summer verstäerken, och wann de lëtzebuergesche Summer nach ze wënschen iwwreg léisst.
Als éischt Single vum Album huet den Turnup Tun sech mam DJ Nosi zesummegedoen. Mam Lidd "Stau" rappen déi zwee Museker iwwer déi legendär Partyen um Stauséi.
Um Album si bäi 6 vun deenen 9 Lidder aner Rapper mat dobäi déi den Turnup Tun ënnerstëtzen. Hei fënnt een da Features vum Nosi, OCTO, Lilou, Koko47, Sixo an HOYIN.
Wann een den Album elo mam Turnup Tun senge fréiere Lidder vergläicht, mierkt een awer séier dass dëse liicht méi poppeg ugehaucht ass.
Beim Lidd "De Gudden" rappt den Tun zesumme mat der Musekerin Lilou doriwwer, datt hien a sengem Liewe vun enger Persoun geleet gëtt an datt déi Persoun engem d’Liewe méi schéi mëscht.
Positiv ass definitiv och, dass den Turnup Tun duerch seng Features mam Lilou an och mam Koko47 wéisst, dass an der Rap-Zeen och ëmmer méi weiblech Musekerinne Fouss faassen.
Am positiivste war ech awer perséinlech vum Lidd "War Et Dat Wäert?" iwwerrascht. D’Lidd ass ënnerluecht mat engem angeneeme Beat, dee gutt zum Rap-Stil passt. An der Bridge kënnt da souguer eng elektresch Gittar mat dobäi, déi d’Lidd nach eng Kéier vun deenen anere Lidder um Album ënnerscheed.
Am groussen a ganzen ass et ee wierklech gudden Album, op deem fir jiddereen eppes mat dobäi ass. Vu renge Rap-Lidder iwwer Party-Hits bis zu bësse méi poppege Lidder ass definitiv duerch de ganzen Album fir Ofwiesslung gesuergt.
N.S.