De Londoner Duo ass no 3 Joer Paus elo zeréck mat engem neien Album.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

De Londoner Duo Jungle ass endlech mat neier Musek zeréck. 7 Joer no hirem Debut-Album hunn Jungle elo hiren neisten Album "Loving in Stereo" erausbruecht. Dësen ass den drëtten Album vum Duo.

Déi 14 Lidder, déi um Album drop sinn, hunn eigentlech verschidde Sounds an trotzdeem sinn se op enger gewëssen Aart a Weis nämmlecht. Den Album start dann och direkt mam elektroneschen Intro "Dry Your Tears".

Et ass och net verwonnerlech, dass Jungle d’Lidder "Keep Moving" a "Talk About It" als Single am Viraus virgestallt haten. Dës zwee Lidder sinn definitiv d’Highlights vun "Loving In Stereo" a suergen duerch hire relaxe Beat a Melodie fir Danz a Partystëmmung.

Anescht wéi bei villen anere Bands, ass dësen Album awer net wärend dem Corona-Lockdown entstane mee déi meescht Lidder si schonn am Joer 2018 a 2019 geschriwwe ginn.

Lidder wéi "Lifting You" a "Goodbye My Love" sinn éischter méi roueg a melancholesch mee trotzdeem nach duerch déi elektronesch Vibes ganz am Jungle-Stil.

Bëssen anescht ass dann d’Lidd "Bonnie Hill" wou den Duo Jazz-Elementer mat Saxophon a Flute agebaut huet.

Mäin Liblingslidd um Longplayer ass dann awer "Romeo" bei dem sech Jungle mam Rapper Bas zesummegedoen hunn. D’Single huet ee gewëssenen Retro-Touch, dee mat moderne Beats ënnerluecht ass.

Am Endeffekt kann ee soen, dass et wierklech kee schlechten Album ass mee en awer och net immens erausstécht. Den Album passt awer an déi summerlech Zäit a suergt fir ee relaxe Feeling.