
© Eldoradio
No 4 Joer Paus ass déi jonk Musekerin elo mat sengem neien Album zeréck.
Nodeems déi jonk Musekerin Lorde viru 4 Joer säi leschten Album erausbruecht huet, ass d’Sängerin elo mat sengem drëtten Album "Solar Power" zeréck. Um Album sinn 12 Lidder drop, déi eigentlech all an dem Lorde säi nodenklecht an emotionalt Konzept passen.
Den Album start da mam Lidd "The Path", wat ënnermoolt ass vun enger ganz melancholescher Melodie. Et start een also ganz relax a roueg an den Album ran.
Déi relax a roueg Stëmmung zitt sech dann awer och duerch de kompletten Album duerch.
Bei der Single "Solar Power" probéiert d’Lorde dann eng Hymne un de Summer ze sangen. D’Lidd soll d’Liichtegkeete vun engem gudde Summerdag beschreiwen.
Bei ville Lidder wéi och dem Lidd "Stoned at the Nail Salon" benotzt d’Musekerin eng akustesch Gittar fir d’Melodie ze spillen. Doduerch gëtt d’Stëmmung bësse méi roueg gehalen an et sinn éischter keng Tracks, déi zum feieren oder Party maachen animéiere sollen.
YT
A Lidder wéi "Secrets from a Girls" a "The Man with the Axe" probéiert d’Lorde seng Emotiounen ze beschreiwen. Domat well hat beweisen, wei wichteg et ass éierlech mat sech selwer ze sinn.
Leider huet dësen Album fir mech perséinlech kee richtegen Highlight deen erausstécht. D’Lidder hunn all deen zimmlech nämmlechte Chill-Beat, dee mat akustescher Melodie ënnermoolt gëtt.
Et ass wierklech kee schlechten Album mee eischterr een deen ee sech a bësse méi rouege Momenter am Liewe kann ulauschteren, wann ee well erofkommen a relaxen.