November 2019, éischt Hallschent 2020, Corona, 8. Mee 2021..Schlussendlech hu OneRepublic leschte Freiden hiren neien Album "Human" erausbruecht!

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Ech weess net firwat, mee ech ka mech nach ganz genee un d’Auerzäit erënneren. 10:37 Auer war et leschte Freiden, ewéi ech op Spotify ënnert «New Releases» deen neien Album vu OneRepublic erbléckt hunn. Richteg gegleeft hunn ech et awer réischt nodeems de Cover och nach no där drëtter Kéier Kucken do war. Dunn hunn ech fir d’éischt emol ganz haart d’Wierder «what the fuck» duerch d’Redaktioun gebläert – de jorelaange Leidenswee ass endlech eriwwer!

Leidenswee fir d’Fans, déi schlussendlech bal 2 Joer hu missen op «Human» waarden. Leidenswee fir eis Museksredakteren, déi gefillt 10 Artikelen mat neie Release-Dates geschriwwen an erëm geläscht hunn. Leidenswee mengen ech awer och fir d’Band selwer, well iergendwéi hat ech den Androck, dass déi laang Waardezäit och ganz vill mat enger interner Kris zesummegehaangen huet. Ëm sou besser, dass dat Dengen dann elo endlech do ass an de Ryan Tedder sech kloer zu OneRepublic bekannt huet.

RTL

© Eldoradio

Dat war et dann awer och leider scho mat der Freed…de Songwriting kéint ee vläicht nach esou just duerchwénken, spéitstens musikalesch fält «Human» awer duerch. Jo, et si cool Melodie mat drop – Lidder ewéi «Rescue Me» oder «Run» bleiwen esouguer definitiv am Kapp hänken – mee um Enn ass den Album awer vollgepaakt mat belanglosen 0815-Klischee-Pop-Nummeren.

Eng Band mat engem Standing ewéi OneRepublic wäert egal wéi Erfolleg hunn. Mee grad well si eng vun deene ganz grousse Gruppe sinn, hat ech mir vu «Human» vill, vill méi erwaart! Vläicht fannen ech déi nächste Kéier dann ënnert «New Releases» OneRepublic-Material bei deem ech Loscht hunn méi laang ewéi 50 Minutten a 45 Sekonnen ze lauschteren.

Chris