D'Imagine Dragons verkaafen sech leider bëssen ënnert Wäert bei hierem neisten Album.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Nodeems d’Band Imagine Dragons sech am Joer 2008 zu Las Vegas gegrënnt hunn, huet d’Band ronderëm de Sänger Dan Reynolds elo schonn dee fënneften Album erausbruecht. Den neien Album mam Numm "Mercury – Act 1" war schonn immens laang ugekënnegt an ass dann elo endlech eraus.

Nodeems een an de leschte Wochen a Méint schonn déi dräi Singles "Follow You" ,"Wrecked" an "Cutthroat" konnt lauschteren, krut ee scho bëssen ee Virgeschmaach, wéi den Album wäert ginn.

Genau esou ass et dann och komm. D’Imagine Dragons beschreiwen sech selwer als Band déi keen eegene Museksstil huet. Dëst Gefill zitt sech dann och duerch de kompletten Album. Mat Lidder wéi "My Life" probéieren d’Imagine Dragons dann eng dynamesch a peppeg Single ze presentéieren, déi duerch een zimmlech rouegen Intro an ee rockegen Extro alles ze bidden huet.

"Wrecked" ass dann déi emotionaalste Single um Album "Mercury Act 1" vue dass de Sänger dëst Lidd fir sengem Brudder seng verstuerwe Fra geschriwwen huet, déi leider de Kampf géint de Kriibs verluer huet.

Den Highlight um Album ass natierlech d’Single "Follow You" mat der d’Imagine Dragons international net méi aus den Charts wech ze denke sinn. Op Spotify huet d’Single dann och scho méi wéi 150 Millioune Streams erreecht.

Fir de Rescht ass den Album zimmlech monoton gehalen an et gi weider keng wierklech Highlighter oder Lidder déi positiv erausstiechen.

"Mercury Act 1" ass definitiv kee schlechten Album an ech perséinlech géif dem Album eng gutt gemengte 7/10 ginn.