Lëtzebuergeschen Hip-Hop Kollektiv mat neiem Album "Oneness"

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Déi lëtzebuergesch Hip-Hop Zeen gëtt ëmmer méi grouss. Sou koum et dann och datt am Joer 2018 sech 8 Museker a Rapper fonnt hunn, déi den Hip-Hop Kollektiv Pachamama Family gegrënnt hunn. D'Museker rappen op: lëtzebuergesch, franséisch, englesch a portugisesch.

Mat hirem neiste Longplayer "Oneness" wëllen si d’Gefill vun Zesummenhalt an Zesummegehéieregkeet vermëttelen. Hinne war et och wichteg, dass si mat nationale Kënschtler aus der Branche géifen zesummeschaffen.

Sou ass zum Beispill d’Lidd "Pacha’Mamaz" eng Zesummenaarbecht mat der Rapperin Nicool a beschreift, wat sech Fraen heiansdo alles musse gefale loossen.

De Longplayer ass definitiv ee klasseschen Hip-Hop Album, mee et ginn awer och bësse méi pop-elektronesch Elementer mat drop. D’Lidd "Art.ificial" zesumme mat Them Lights stécht wierklech eraus vue dass et bësse manner Hip-Hop lasteg ass.

Mäin Highlight um Album ass dann den Track "Uraken" wou Pachamama Family zesumme mam BC One an Dany le Loup rappen. Den Text handelt hei drëm dass déi sozial Wäerter op der Welt net méi sou wichteg geholl ginn.

"Oneness" ass wierklech ee gutt produzéierten Album mat gudden Texter, déi vill verschidden Themen uschwätzen. Och d’Beats sinn net ze opdrénglech an trotzdeem present.

Ech géif dem Album 8/10 ginn. En beschreift am Fong ganz gutt eist Land a wéi international mir eigentlech hei liewen.