Den amerikanesche Rapper Lil Nas X huet endlech säin éischten Album "Montero" released.

De Lil Nas X, deen eigentlech Montero heescht, huet 2018 fir déi éischte Kéier op sech opmierksam gemaach. An dem Joer huet hien nämlech säin éischte grousse Welthit «Oldtown Road» erausbruecht.

Duerno ass et fir de Museker nëmmen nach biergop gaangen. No senger éischter EP «7» am Joer 2019 huet hien dann dëst Joer dann endlech säin éischten eegenen Album mam Numm «Montero» released.

Um Album fënnt een dann am ganze 15 Tracks, mat deenen de Rapper probéiert seng Geschicht ze erzielen.

Den éischten Track ass dann och direkt «Montero (Call me By Your Name)” mat deem de Lil Nas X säit dem 26. Mäerz ouni opzehalen an den internationale Charts positionéiert ass.

Um Album huet de Rapper dann och mat enger Rei anere Museker zesummegeschafft. Am Lidd «Scoop» zesumme mat der Rapperin Doja Cat schwätzt de Lil Nas X iwwert seng Homosexualitéit a reegt sech op, dass dat nach ëmmer net vun all Mënsch unerkannt gëtt.

Fir d’Lidd «One of Me» huet de Rapper sech da musikalesch Ënnerstëtzung vum Elton John gefrot. Dësen huet zwar net gesonge mee awer de Piano fir den Track agespillt.

Ech perséinlech feieren am meeschten d’Lidd «Dolla Sing Slime» zesumme mam Megan Thee Stallion. Dat Lidd huet ee ganz speziellen Intro, deen einfach gutt bei d’Beats vum Lidd passt. Doduerch ass een Track entstanen, dee bësse Retro-Rap-Vibes vermëttelt.

Wann een den Album awer elo am globale kuckt, da fannen ech verschidden Tracks bësse monoton an doduerch léisst een sech beim lauschteren dacks oflenken. Ech ginn dem Album eng gutt gemengte 7/10.