
© Eldoradio
No zwee Joer Paus ass déi brittesch Pop-Band Coldplay mat engem neien Album zeréck.
Coldplay si mat "Music of the Spheres" zeréck!
Den éischten Track huet als Numm ee Planéiten Emoji. Dësen ass mat enger knapper Minutt dann och just een Intro, ier et da mat der Single "Higher Power" richteg mam Album lass geet.
No dëser bësse méi powerfuller Single geet et da wesentlech méi lues an emotional wieder.
Lidder wéi "Humankind" a “Let Somebody Go” zesumme mam Selena Gomez sinn erëm typesch Coldplay Tracks, déi immens sentimental a berouegend op ee wierke sollen.
Ech perséinlech fannen dann "People of the Pride” dee beschte Song um Album. Et ass genau dat wat ech mir ënnert engem Coldplay-Song virstellen. Net ze lues, awer och net ze opdrenglech mat engem Text deen zum nodenken ureege soll.
Natierlech dierf dann och eng Party-Single och net um Album feelen, wéi géif ee soss wärend de Concerten och d’Party um lafen halen. Do ass dann "My Universe" zesumme mat der K-Pop Band BTS dat richtegt dofir.
Den Album "Music of the Spheres” gëtt da mam Lidd "Coloratura", engem 10 Minutten Track, deen éischter un fréier Pink Floyd Alben wéi un Coldplay erënnert.
Den Album ass bësse wéi de Chris Martin deemools am Lidd "Fix You" gesongen huet : "Wann's de däi Bescht probéiers, et awer net funktionéiert."
Vu mir kritt den Album eng 6/10