
Dës Woch presentéiere mir iech dem James Arthur säin neien a 4. Studio-Album "It'll All Make Sense In The End"!
Och wann den James Arthur mëttlerweil scho bal Mëtt 30 ass, kann een “It’ll All Make Sense In The End” duerchaus als Coming-of-Age-Album bezeechnen. Schonn ëmmer hat de Sänger mat senger mentaler Gesondheet ze kämpfen, och déi lescht Zäit war fir hien definitiv net einfach. Um Album schwätzt hien aus sengem Liewen: Phasen an deenen een einfach net méi weider weess, Drogen, Alkohol, Léift, etc.
Insta-Post
Sound-technesch ass deen neie Release op där enger Säit en typeschen James-Arthur-Album mat vill Power a senger rougher Stëmm déi matrappt. Anerersäits probéiert den James Arthur heiansdo och en neie Flow aus, respektiv rappt mat Autotune.
"It'll All Make Sense In The End" ass en éierlechen Album mat ganz vill Häerz a Passioun. Dat eenzegt wat e bësse feelt ass musikalesch Ofwiesslung.