Wann de Bruno Mars an den Anderson .Paak zesumme Musek maachen, da kann dat bal nëmme gutt ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Eigentlech huet alles als Witz ugefaangen. Déi zwee Museker a Sänger Bruno Mars an Anderson .Paak hunn viru véier Joer eng Kéier eng ganz Nuescht zesumme Musek gemaach. Dëst wärend dem Bruno Mars senger Welttournée.

Déi zwee hunn dunn awer séier gemierkt, dass si zwee perfekt musekalesch zesumme géiffe passen. Wärend dem Lockdown hunn si sech dunn doheem agespaart an een Album produzéiert.

Den Album "An Evening with Silk Sonic" ass eigentlech een Hommage un de Funk, Soul an R&B aus de 70er Joren. Comebacks sinn am Moment jo am Trend an esou kënnt dësen Album och mat 70er Vibes zeréck.

Scho virun e puer Wochen hat een déi éischt zwou Singlen "Leave the Door open" an "Smoking Out The Window" schon konnten héieren an ech muss soen dass déi mech wierklech iwwerzeegt hunn. De Beat an de Gesang grooven einfach an et mierkt een dass déi zwee Museker d’Musek fillen.

Mam Lidd "Put On A Smile" ass dann awer och eng bësse méi roueg Ballad mat drop. No dëser méi roueger Nummer geet et da mat "777" bësse méi peppeg weider an hei sangen déi zwee driwwer wéi et ass zu Las Vegas ze feieren.

Ech perséinlech fannen dann awer "Fly As Me" dee beschten Track vum Album, vue dass dësen niewent rhythmeschen Elementer och nach eng gewësse Portioun Hip-Hop mat afléisse léisst.

Am groussen a ganzen ass et wierklech een immens gudden Album deen awer éischter Leit gefält déi méi am Funk, an R&B doheem sinn. Mee musikalesch wierklech op Top-Niveau. Vu mir kritt den Album eng ganz gutt 9/10.