No laangem waarden ass et endlech esouwäit. D’Adele ass mat sengen neien Album zeréck an iwwerzeegt wéi ëmmer op ganzer Linn.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Nodeems mer scho säit e puer Wochen déi éischt Single vum Album "Easy On Me" konnte lauschteren, wousst ee scho bëssen a wéi eng Richtung den Album sech géif beweegen.

A mir goufen definitiv net enttäuscht. Den Album "30" huet 13 Tracks an dauert ronn eng Stonn.

Den Ufank mëscht dann d’Single "Strangers By Nature" an der d’Adele rëm beweist wisou d’ganz Welt hatt gutt fënnt. Fir mech perséinlech ass dëst dat bescht Lidd um Album vue dass d’Sängerin hei de komplette Spektrum vu senger Stëmm ënner Beweis stellt.

Als nächst kënnt dann d’Single "Easy On Me" déi mer jo scho bësse méi laang kennen. Am ganzen Album geet dës awer bëssen ënner a gëtt vu villen aneren a besseren iwwerlaf.

Bei Lidder wéi "My Little Love" a "Cry Your Heart Out" verschafft d’Adele dann seng Trennung a Scheedung, wourauser immens emotional an déifgrënneg Lidder entstane sinn.

D’Sängerin war awer schonn ëmmer eng immens staark Fra a sou séngt hatt dann och bei "Can I Get It" dofunner, dass hat sech definitiv net ënner kréie léisst an hat mat  nach méi Kraaft zeréck kënnt. E weideren Highlight um Album ass da fir mech nach d’Single "All Night Parking", wat bësse méi jazzy an upbeat Single ass. D’Adele beweist hei och rëm, dass hat an immens ville Museksrichtungen doheem ass.

Am leschte Lidd vum Album "Love Is A Game" geet d’Adele dann nach eng Kéier zeréck an déi Stëmmung déi mer vun der Sängerin kennen an hellt esou säin Album mat enger imposanter vu Geien an Orchester ënnermolte Single op.

Fir mech perséinlech ass et ee perfekt geschriwwenen a produzéierten Album. D’Adele huet heimat rëm bewise wisou hatt momentan déi beschte Sängerin ass. E gudde Rot awer nach zum Schluss, huelt iech Zäit a lauschtert den Album ganz an engem Stéck.

Vu mir kritt den Album "30" eng 5/5 a warscheinlech den Titel vum beschten Album säit laangem.