
Grad mol e Joer no "After Hours" released de Museker mat "Dawn FM" en Album am Stil vun engem eegene Radiosender.
"En Album konzipéiert ewéi e Radiosprogramm, deen een no dem eegenen Dout lauschtere kann. Respektiv e musikalesche Begleeder fir d'Séil, falls et Stau um Wee aus dem Stierf-Bett an d'Jenseits gëtt" - esou beschreift den The Weeknd säin neie Synth-Pop-Longplayer "Dawn FM". Domat wär dann och de Cover gekläert.
"Dawn FM" huet wierklech alles wat e gudden Album brauch. Op där enger Säit e puer richteg krass Banger ("Less Than Zero" a "Sacrifice") mat engem onwarschéinlechen Drive duerch d'Synthesizer, de Bass an d'Drums.
Ewéi de Moderator vun "103.5" - dee vum Jim Carey geschwat gëtt – dann annoncéiert, gëtt et zum Beispill mat "Here We Go…Again" och onbeschwéierten easy-listening, oder eng Geschichtsstonn mat der Legend Quincy Jones, déi hie passend mat de Wierder "Looking back is a bitch, isn’t it?" ophält!
A well ëmmer esou vill iwwert säi Sound geschwat gëtt, fannen ech dass beim The Weeknd ganz dacks seng Stëmm vergiess gëtt, déi ouni Fro zu deene Beschten aus der Industrie gehéiert. Bei "Dawn FM" passt deemno quasi alles!