Kuerzen awer intensiven Album vun der amerikanescher Folk-Rock Band The Lumineers.

Lauschtert hei de ganze Reportage

The Lumineers ass eng Folk-Rock Band aus Amerika, déi sech schonn am Joer 2005 zu Denver gegrënnt hunn. Och wann et 7 Joer gedauert huet, bis hiren éischten Album "The Lumineers" erauskomm ass hunn si et awer definitiv bis zimmlech wäit uewen an der Museksbranche gepackt.

Elo ass dann och hire 5ten Studio Album "Brightside" erauskomm. Anescht wéi op deene fréieren Alben, soten d’Museker an engem Interview, dass dësen Album kee roude Fuedem hätt deen d’Lidder all matenee géif verbannen.

De Sänger vun der Band sot, dass hie mat 15 Joer den Neil Young gesinn huet an sech net bewosst war, iwwert wat de Sänger géif sangen. Elo eng Rei Jore méi spéit, probéiert och hie mat senger Band esouvill wéi méiglech Gefiller an hirer Musek ze beschreiwen.

Den Album "Brightside" ass eigentlech een zimmlech kuerzen Album. Mat enger knapper hallwer Stonn Musek an 9 Songs ass et definitiv keen «Long»-Player. D’Band huet awer trotzdeem an der zimmlech kuerzer Zäit probéiert esou vill wéi méiglech ze soen.

Den Titelsong "Brightside" mat dem den Album ugeet gouf an engem Dag produzéiert an erzielt vun enger Libesgeschicht vun engem 15-Järege Jong mat allen positiven an negative Momenter.

Am Lidd "Where We Are"geet et em een Autosaccident a wéi séier d’Liewe kann eriwwer sinn. Dëst ass also eng zimmlech emotional Single.

Bësse méi positiv Vibes bréngen dann awer rëm Lidder wéi "A.M. Radio"oder och déi bësse méi klassesch ugehauchte Single "Big Shot". Dës Lidder sollen dann deen traurege Background vun den Ufankslidder erëm bësse méi positiv maachen.

Eigentlech gefält den Album mir zimmlech gutt. Et ass vir all Mënsch dobäi, deen eppes mat der Museksrichtung kann ufänke kann. Positiv ass, dass net nëmmen traureg an emotional Lidder mat drop si mee och bësse méi rockeg Nummeren.

Vu mir kritt den Album eng 7/10.