Dës Woch stelle mer dem Iann Dior säin zweete Studioalbum "On To Better Things" vir.

Lauchtert hei de ganze Reportage

Den amerikanesche Rapper mat puerto-ricaneschen Wuerzelen Iann Dior hat zesumme mam 24K Goldn an der Single "Mood" säin éischte groussen Hit an der internationaler Branche gehat.

Elo, dräi Joer no sengem Debutalbum ass den Iann Dior mat sengem neiste Longplayer "On To Better Things" zeréck. An op dësem huet de Sänger net nëmmen eleng gesongen.

Den Album start dann och direkt mam Openersong "Is It You". Bei dësem Track mierkt een dann och direkt dass den Iann Dior éischter aus der Emo-Trap Zeen kennt. Domadder geet den Album ganz roueg an däischter lass.

Wann een sech d’Titellescht vum Album "On To Better Things" esou ukuckt, da fält ee Numm ganz besonnesch op. An zwar den Blink 182 Drummer Travis Barker, deen direkt bei 3 Songs matgewierkt huet.

D’Lidd "Obvious" wat dann och mäin perséinleche Favorit ass eng Mëschung tëschent dem Iann Dio sengem ganz eegene Style a bësse méi rockegen Téin vum Travis Barker.

Staark geet et da wieder mat der Single "Thought It Was" bei dem net nëmmen den Travis Barker mee och nach de Machine Gune Kelly mat dobäi sinn. Hei beweisen déi zwee Rapper och wat se kennen  a suerge fir een Energie-geluedenen Trap-Song.

Den Album huet awer och Aflëss vu Punk an Emo, wat een dann an Tracks wéi "Sinking Interlude" an "Fallin" ze héieren ass. Hei ginn d’Beats da vun der elektrescher Gittar ënnermoolt.

De kompletten Album ass eigentlech zimmlech esou wéi een sech dat vum Iann Dior gewënscht huet. Allerdéngs muss ee soen, dass engem dem Iann Dior säi Museksstil wierklech muss gefalen, vue dass en zimmlech eegen ass.

Aus verschiddenen Tracks hätt een nach bësse méi kéinten eraushuelen an dofir kritt den Album vu mir eng gutt gemengte 6/10, vue dass mir nach bëssen niewend "Let You" ee weideren Hit gefeelt huet.