Dëse Mount stelle mer dee ganz neien Album vun der brittescher Band Bastille vir.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Vun der Single "Pompeii" aus dem Joer 2013 bis zum elektronesch inspiréiertem Album "Doom Days" aus dem Joer 2019 huet d’Band Bastille schonn ëmmer un hirem Sound gefeilt.

Elo ass ass déi brittesch Band dann zeréck mat hirem neisten Album "Give Me The Future". Wann een sech den Album komplett ulauschtert da mierkt een direkt, dass d’Band sech a vill Themen aschafft.

Zum Beispill geet et beim Lidd "No Bad Days" ëm Verloschter déi een am Liewe matmaache muss.

Awer och aner Theme wéi zum Beispill Online-Dating ginn dann an der Single «Stay Awake» behandelt.

No deenen éischte Single-Auskopplungen "Thelma + Louise" "Shutt Off the Lights", "No Bad Days" a "Distorted Light Beam" war et jo awer elo net wéi wann een net scho bësse gewosst hätt wéi den Album géif ginn.

Am grousse a ganzen ass et awer definitiv ee ganz positiven Album, deen och genau esou eriwwer kennt. Richteg Negativ Theme ginn an de Songs net wierklech verschafft an och de Vibe vum Long-Player ass zimmlech op gutt Laun opgebaut.

Den Titel "Give Me The Future" ass dann awer och zimmlech gutt fir dëse Bastille Album gewielt, vue dass si als Band ëmmer probéiere vun hirem Sound mat der Zäit matzegoen an sou och d’Zukunft vun der Pop-Musek mat ze bestëmmen.

Mein perséinlechen Highlight ass dann awer d’Lidd "Club 57" mat dem Bastille wierklech weisen dass si immens villfälteg sinn.

Fir mech ass et wierklech ee ganz gudden Album ginn, dee bei de Fans och zimmlech gutt misst ukommen, vue dass de Bastille-Sound definitiv mat dran ass, an trotzdeem genuch Neies fir net langweileg ze ginn.

Vu mir kritt den Album eng 4/5.